top of page

D'NOSS AN ECH

Eng Geschicht iwwer 4 Joerzéngte

Nëssbeem planzen - eng verréckt Iddi? Net wierklech! Well mäi klenge Bauerenhaff et mir net erlaabt huet "wéi déi Grouss" ze maachen, hunn ech 1982 selwer eng 1150 Nossbeem geplanzt. Schof-Fleesch am direkten Verkaf huet mech duerch déi laang Waardezäit bruecht bis déi éischt Beem no enger dose Joren ugefaang hu mat droen. Elo ergänzen déi zwou Produktiounen sech an engem harmonesche Uebst-Agroforstwirtschafts-System, mat villfältegen a wëssenschaftlech bewisen ökologesche Virdeeler.

19hh.jpeg

MENG PHILOSOPHIE

Beem ze planzen an der Hoffnung enges Daags dovunner ze profitéieren heescht eng laang bis ganz laangfristeg Visioun ze hunn, eng Visioun déi iwwert eis als Individuum erausgeet.
Kuckt a lauschtert op d'Beem. Si sinn e Modell vu Generositéit, Solidaritéit an Nohaltegkeet.

20200325_171932.jpeg

VUM PLANZEN BIS DÉI ÉISCHT RECOLTE

D'Planze gëtt mat Suergfalt gemaach, wa méiglech mat gepraffte Nëssbeem. Duerno ginn d'Beemercher iwwert d'Jore begleet: Formschnëtt, Fräihale vum Wuesstëmsradius, Schutz virun Déieren, organeschen Dünger. No enger Dose Joer kann een hoffen, Nëss ze sammelen. D'Quantitéit u Nëss klëmmt mam Alter vun de Walnossbeem.

VUN DER RECOLTE BIS ZUM PRODUIT

D'Rafe vun de Nëss, manuell am Ufank, ass zanterhir mechaniséiert. D'Recolte gëtt iwwer ongeféier 3 Wochen gestreckt, während deenen d'Nëss op d'mannst zweemol d'Woch geraf ginn. Duerno gi se gewäsch, gedréchent, kalibréiert, gepak oder zu Ueleg gepresst. 

20180119_103545.jpeg
IMG-20181030-WA0000.jpeg

VUN VERARBËCHTUNG BIS ZUM OFFËLLE VUM UELEG

Beim Dréchnen gi Nëss ewëll wéinst hirer Gréisst fir d'Uelegproduktioun reservéiert. D'Nëss gi geknackt, vun der Schuel befreit, zortéiert a kal gepresst. Den Ueleg dekantéiert dann natierlech a gëtt an d'Fläsche gefëllt.

Déi gréisste a schéinste Nëss gi fir de Verkaf vu ganze Nëss verpak.

bottom of page